Wat ass den GIN?

 

GIN, eng Ofkierzung fir “Global Issues Network” dat bedeit en Netzwierk vu Gruppen a ville Schoulen op der ganzer Welt, déi versiche fir Léisungen zu Globale Problemer ze fannen. Am LAML ass et ee Grupp deen aus Schüler a Proffe besteet, déi versichen d’Schoul engersäits ze sensibiliséieren sech méi solidaresch ze verhalen, an anerersäits d’Schoul méi ekologesch an nohalteg ze gestalten.

An dem Kader ass déi flott Initiative entwéckelt ginn an zwar, de “LAML goes green”, deen sech zum Beispill staark fir Plastikreduktioun an Offallvermeidung asetzt.

Projet Dopper-Fläsche

 

De LAML huet säit leschtem Joer Dopper-Fläschen agefouert mam LAMLgoesgreen-Logo an elo 12 Waasserspender opgestallt wou dir d‘Méiglechkeet hutt äre Bidon gratis opzefëllen. Wann dir nach keng hutt, kennt dir och elo nach eng bei der Mme Schwarz am Sekretariat fir 10€ kafen goen an der Faarf vun ärer Wahl. Bis elo goufen ongeféier 1900 Bidone verkaf a bal all sinn am Ëmlaf.

De Kaf vun de Plastikswaasserfläschen ass an den éischte Méint nom Aféiere vun den Dopper-Fläschen ëm Hallschent erofgaangen.

Bei der Visitt vun der Madamm Dieschbourg krute mir d’Ministesch begeeschtert an doropshin ass eise Projet vun den Dopper-Fläschen mat enger finanzieller Hëllef vu 1500 Euro ënnerstëtzt ginn.

Ecobox

 

Fir de Plastik an der Cafeteria esou vill wéi méiglech ze reduzéieren, setze mir eis an fir EcoBoxen am LAML anzeféieren.

Fir e Pfand vu 5€ soll all d’Schüler d’Méiglechkeet kréien, säin Iessen an der Ecobox zerwéiert ze kréien. D’Ecobox kann entweder erëm ofgi ginn oder géint eng nei ausgetosch ginn. Mir hunn eis ausgibeg informéiert a probéieren déi Responsabel vu Restopolis vun dësem nohaltege Projet z’iwwerzeegen.

Hei ass de Link mat méi Informatiounen.

Poubellen

 

An deenen nächsten 2 Woche wäerten op dem GIN seng Initiativ hin 75 nei Poubellen agfouert ginn, well eis Poubellë weder feierfest nach schéi sinn.

Op de Poubellë wäerte mir iech mat Stickere matdeelen, wat wou era kennt. Mir zielen op är Mataarbecht.

Mir wéilten och gären är Meenung zu der Ofschaafung vun den giele Poubellen an den Klassen wëssen, soudass mir se kennen der Direktioun weiderginn.

Hei ass de Link fir d'Emfro.

Al Handyen

Am Kader vum solidareschen Engagement vun eiser Schoul, wollte mir eis un dem Projet “Mobile Bag” vun der Caritas an Digital Inclusioun bedeelegen.


Do geet et drëms al a futtis Handyen ze recycléieren. Heibäi gëtt den Dateschutz groussgeschriwwen an all d’perséinlech Informatioune gi geläscht. Funktiounsfäeg Handye ginn u Mannerbemëttelter verschenkt, déi aner ginn ausernee geholl an déi eenzel Elementer recycléiert.

An den nächsten Deeg gi Sammeltuten an de Klassesäll verdeelt.

Hei ass de Link .

GIN- Teambuilding

 

 Op eisem Teambuilding vum 17. bis 18. Oktober 2018 hunn mir flott Kenneléierspiller gemaach a ganz intensiv un eise Projete weidergeschafft. Mir hunn och d’Rezept vun de GINergyballs probéiert an d’Bee-Wraps gemaach, déi mir och am Workshop vun den Délégués-Solidarité gemaach hunn.

Hei ass d’Rezept vun den GINergyballs falls dir se wëllt nomaachen.

Ingrédients

1 tasse de dattes hachées

½ tasse de miel liquide

½ tasse de beurre de cacahuètes crunchy

1 tasse d’amandes moulues

1,5 tasses de flocons d’avoine

Poudre de cacao

Graine de sésame

 

Préparation

Mélanger tous les ingrédients. Rajouter éventuellement un peu de miel si la pâte n’est pas liée.

Former des petites boules avec les mains humides. Rouler les boules dans le cacao ou les graines de sésame.

Les boules se gardent plusieurs jours au frigo.

Ecosia

Ecosia ass eng Sichmaschinn déi bei fir all 45 Recherchen ee Bam planzt, wou si se am meeschte brauche wéi z.B. am Burkina Faso, am Peru, an Tansania oder op Madagaskar. Bis November 2018 sinn scho 40 Millioune Beem duerch Ecosia geplanzt ginn.

Hei ass de Link.

 

OUNI

“OUNI“ (Organic Unpackaged Natural Ingredients) ass dat éischt Geschäft zu Lëtzebuerg dat biologesch Produkter ouni Verpakung verkeeft. Dat ass eng ëmweltfrëndlech Alternativ zu normale Supermarchéen. D‘Leit kënnen hir eege Behälter dann opfëllen a selwer ofweien.

Link op d'Websäit vum Buttek.

Link op e Youtube Video.

BNE

BNE ass ee lëtzbuergesche Site, deen Tipps gëtt, fir eist Liewen méi ekologesch gestalten ze kënnen, op Basis vum der UNO hiren “17 Sustainable developpment goals”

Hei ass de Link

Move

De Move ass eng Jugendgrupp, déi sech fir eng zukunftsorientéiert an ëmweltbewosst Gesellschaft asëtzt. Hir Ziel ass datt d’Stëmm vun der jonker Generatioun och gehéiert gëtt! Hir Themeberäicher sinn enk mam Ëmweltschutz verbonnen : Klimawandel, Naturschutz, Globaliséierung, Mobilitéit, Wunnen, Landwirtschaft, Matbestëmmung, Schoul oder grenzelose Konsum sinn alles Theme mat deene si sech beschäftegen.
Do kënne mir selwer aktiv ginn, eis zesummendoen an ufänken eppes ze veränneren.

Hei ass de Link.