Léiw Leefer a Leeferinnen, Well den ING Marathon dëst Joer an d'Päischtvakanz fält (1. Juni), hu mir decidéiert, mam LAML net um Ing Marathon deelzehuelen, mais um Urban-Trail Sonndes den 28.4.2019. Dat ass e ganz schéinen Trail duerch d'Stad, awer mat vill Trapen, Héichtemeter a schéine Vuen, also e richteg flotten Défi, weider Infoe fannt dir op: www.urban-trail.lu Dir kënnt zweschent 3 Course wielen: 13km, 18km oder e Relais 18km fir 3 Leefer. Wann dir Loscht hutt um Urban Trail matzemaachen, da mellt iech bis den 10.3.2019 iwwert de Formulaire an der Freidesmail un.