De nächste Méindeg, 9. Juli, fënnt eist traditionell Schoulfest statt, dëst Joer mat besonnesche Momenter a Special Guests. Moies um 9h dierfen d’Bénévolten dem Schülercomité an der Concierge hëllefen, alles opzeriichten. Um 11 Auer geet dann dat definitiv Fest lass an dauert bis 2 Auer. Et ginn et zahlreich Iessens- a Gedrénksstänn. Vum Grill, iwwer Fritte bis hin zu Nacchos a Smoothien ass alles dobäi. Natierlech steet de Sport a Musek ganz am Zeeche vum Schoulfest. Sou feent ee grousse Fussballstournoi statt, bei dem d'Gewënner géint Proffen dierfen untrieden. Eng gutt Ambiance op eisem Fest gëtt garantéiert duerch eis Artisten: den DJ Amnesia, Isibrobs, Los DeAbajo an den Danzgrupp Aline Swings. Géint 12 Auer kréie mir da Besuch vun der Ëmweltministesch, Mme Carole Dieschbourg. Dëst Joer ass am Stand vun eisem Éischt Hellëf Team och eng Ambulanz ausgestallt, mee net iergendeng. D’Croix-Rouge weist eng Ambulanz, déi am Asaatz a Syrien war a bombardéiert gouf. Kommt laanscht an informéiert iech iwwert des symbolescht Gefier.