Am Club-Aide kann de Schüler vum Cycle inférieur Cours d’appui vun engem Schüler vum Cycle supérieur, deen eng methodologesch an didaktesch Formatioun gemaach huet, kréien. Am SePAS kriss du weider Informatiounen heizou. Deng Elteren schreiwen dech um LAML Internetsite an (Link an der Freidesmail) a kréien dono d’Coordonnéeë vun engem Schüler vum Cycle supérieur. De Präis fir eng Stonn ass 13€.