Yoga-Couren fir 1ère an 2e

Fir 1ère an 2ème Schüler Ab dem 11. Oktober ginn all 2. Mëttwoch vun 16.00-17.00 Auer Yogacouren am Lycée organiséiert. D’Couren ginn vun der Madame Magali Lehners gehalen. Wann dir interesséiert sidd, kënnt dir iech per Mail bei der Madame Lunkes umellen: carol.lunkes@elaml.lu. Den 1. Rendez-vous ass den 11. Oktober um 15.45 beim Bam vum Respekt.